Live! Planet People am ReplayMarie Wegener, Jeff Schreiner a Pit Vinandy

Patrick Greis
Am Live! Planet People e Freideg waren d'Marie Wegener, de Jeff Schreiner an de Pit Vinandy op Besuch.
Live! Planet People
Am Live! Planet People e Freideg waren d’Marie Wegener, de Jeff Schreiner an de Pit Vinandy op Besuch.

2018 war d’Marie Wegener, déi jéngste Gewënnerin vun DSDS. Mam Lidd “Königlich” konnt si d’Konkurrenten hannert sech loossen. Fir dëse Weekend war d’Marie u sech um groussen Télévie-Weekend fest ageplangt, awer leider sollt Corona e Stréch duerch d’Rechnung maachen. D’Sängerin, déi elo volljäreg ass, hat schonn 2013 bei “The Voice Kids” alles ofgeraumt. Et war den Andreas Gabalier, deen d’Marie 2019 mat op seng Stadion-Tournee geholl huet an ass esou viru ronn enger hallwer Millioun live opgetrueden.

De Jeff Schreiner lieft a studéiert zu Wien. Dem grousse Reptiliefrënd ass d’Zäit am Lockdown awer net ze vill laang ginn. 2009 war de Jeff schonn emol beim Dan Spogen am 20vir. Och deemools war hie scho vun exoteschen Déiere faszinéiert. De Jeff ass am leschte Joer Veterinärmedezin a spezialiséiert sech am Beräich “Wildlife Conservation Medecine”, also wëll an exotesch Déieren. En Deel vu sengem Studium huet en a Südafrika absolvéiert.

De Pit Vinandy ass bekannt als Cyberpiper. An der Corona-Zäit spillt hien awer och nees mat de Poppen. Säin Numm bréngt een direkt a Verbindung mam Bimbo Theater oder dem Poppentheater Hoplabum. Awer och de Sandmännche Pit geet op seng Kap. Vun 2008 bis 2011 war hien och Responsabel fir d’Knax Schoulspuerfester, an elo an der Corona-Zäit verdreift en eis reegelméisseg d’Zäit am Internet.

Back to Top
CIM LOGO