"Fliflopi"Mat engem Boot aus recycléierte Flip-Flops a Plastik ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Dat faarwegt Seegelboot "Fliflopi", dat aus recycléiertem Plastik a Sandale besteet, ass op senger leschter Etapp laanscht d'Ostküst vun Afrika ënnerwee.
© AFP

Dat traditionellt Seegelboot, eng sougenannten Dau, ass e Sonndeg fir hir lescht Etapp an der kenianescher Küstestad Watamu gestart an huet sech op eng 500 Kilometer laang Rees Direktioun Sansibar gemaach. Mat hirem Projet wëllen d’Ëmweltschützer op déi negativ Auswierkunge vu Plastikoffall opmierksam maachen.

Fir hiert Boot goufen 10 Tonne Plastik un de kenianesche Stränn a Stied gesammelt, deen duerno zerstéckelt gouf. Ënner anerem goufen dobäi nach ronn 30.000 al Flip-Flops verschafft, déi de viischten Deel vum Boot verschéineren. Just de Mast gouf aus Holz gemaach. Gestart ass d’Fliflopi en Donneschdeg an d’Rees soll bis de 6. Februar daueren, sou de Plang.

© thefliflopi.com

De Chef vum Projet, Dipesh Pabari, wëll mam Seegelboot d’Leit fir d’Gefore vum Plastik-Knascht an d’Notze vu Recycling sensibiliséieren. D’Fliflopi wier e Symbol dofir, dass ee Plastik en zweet Liewe ka ginn: “Aus den Iwwerreschter kann een eppes Flottes fabrizéieren, wéi eben e Seegelboot. Et ass domm, d’Material just eemol ze benotzen an dann ewech ze geheien.”
De Bau vun der Fliflopi ass duerch e Projet vu Fräiwëllegen entstan, deen iwwer Spende finanzéiert gouf. Spéider huet den Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen (Unep) zousätzlech Mëttel fir d’Expeditioun zur Verfügung gestallt.

Et soll awer net just bei dësem flotte Projet bleiwen, den Dipesh Pabari plangt schonn deen Nächsten. Mat engem 20 Meter laange Boot, och aus Plastiksoffall, wëll hie bis a Südafrika seegelen.

BLOG: www.theflipflopi.com

Back to Top
CIM LOGO