
Et geet bei dëser Traditioun manner ëm d’Trauer ëm Verstuerwener, well u sech ass guer kee gestuerwen. Am Géigendeel, mat dëser Traditioun gëtt quasi d’Liewen op eng e bëssen aner Manéier gefeiert.
Wie sech schonn op den Doud agestallt hat, awer verschount bliwwen ass, seet an der oppener Doudelued Merci. Dës Persoune leeën sech deemno an déi oppen Doudelued, déi da vu staarke Männer op de Schëllere duerch d’Duerf a ronderëm d’Duerfkierch gedroen ginn.
Laang Zäit hunn d’Leit sech net méi esou presentéiert, well ëmmer méi Touristen an och d’Press sech d’Pressessioun ukucke ginn. Et war den Awunner einfach ze penibel esou gesinn ze ginn. Dëst Joer huet ee sech anescht ze hëllefe gewosst, d’Gesiichter goufe mat Sonnebrëller an Hitt verdeckt, sou dass d’Leit anonym bleiwen.
