
Fuerscher un der Technescher Universitéit München hunn ee Pigment entwéckelt, dat seng Faarf verännert, soubal de Kierper krank gëtt. Mam deem extra Faarfstoff ginn dobäi déi sougenannte Biomarker ofgelies. Dobäi handelt et sech ëm biologesch Charakteristiken, zum Beispill d’Kierpertemperatur, de Bluttzocker oder och de Cholesterol, déi op Verännerungen am Kierper hindeiten.
Fir hir Etüd hunn d’Fuerscher de Glukos-, de pH- an den Albumin-Wäert ënnert d’Lupp geholl, déi heefeg d’Indicen op eng Krankheet liwweren. Beim Albunim handelt et sech ëm e Protein am Bluttplasma. En nidderegen Albumin-Spigel kann zum Beispill en Zeeche vu Problemer mat den Nieren oder der Liewer bedeiten. Ass dee Wäert méi héich, sinn dacks Problemer um Häerz Schold. Glukos ass dogéint méi relevant fir Diabetis-Patienten an ee schlechte pH-Wäert en Unzeeche fir ganz verschidde gesondheetlech Problemer sinn.
Mat Tënt, déi op d’Biomarker am Kierper ofgestëmmt sinn, hunn d’Fuerscher d’Reaktioun op net-lieweger Schwéngshaut getest. Dobäi hu si festgestallt, dass sech d’Pigmenter veränneren, wa sech d’Konzentratioun vun engem bestëmmte Charakteristik am gefierfte Beräich verännert. Mat enger spezieller App kann de Faarfeffekt kontrolléiert an an Zuelen ëmgewandelt ginn.
D’Fuerscher wëllen déi nei Method elo op lieweger Haut testen. Dobäi soll ënnersicht ginn, wéi eng Reaktioun d’Pigmenter bei engem liewege Organismus huet. Ob Tätowéierungen um Enn tatsächlech nëtzlech Konschtwierker op der Haut ginn, mussen awer nach weider Etüde weisen.