
A ganzer 194 McDonald’s Restauranten kann een vun e Mëttwoch un Hëllef fannen, wann een als US-Amerikaner säi Pass geklaut krut oder verluer huet.
Déi US-amerikanesch Ambassade zu Wien huet dësen Deal mat McDonald’s an d’Weeër geleet an souguer eng 24/24 Telefonslinn tëscht béide Partner opgeriicht.
Op de sozialen Netzwierker huet dat ganzt natierlech scho fir vill Gespréichsstoff gesuergt.