Och wann et schonn dacks zu Accidenter op deem Bierg koum, huet dat dat 10 Joer aalt Selah Schneiter net dovun ofgehalen, zesumme mat sengem Papp an engem Kolleg, den El Capitan eropzeklammen. D’Meedchen ass domat dee jéngste Mënsch, dee jeemools déi bal 1.000 Meter bezwongen huet. Den héchste Punkt vum Bierg läit 2.307 Meter iwwer dem Mieresspigel.
Fir hiren Challenge hunn déi 3 am Ganze 5 Deeg gebraucht, dat heescht si hunn och an der Fielswand geschlof, an enger spezieller Hängematt. Nom Succès un der Spëtzt ukomm ze sinn, sot déi jonk Sportlerin, si wéilt och aner Meedercher inspiréieren, sech ze trauen an aktiv ze ginn.