Solden zu Los AngelesMega-Villa am Wäert vun 250 Milliounen Dollar drastesch erofgesat

RTL Lëtzebuerg
Et wollt keen dës riiseg Villa mat ënner anerem 21 Buedzëmmer an dräi Kichen kafen. Dowéinst ass de Präis vum "aachte Weltwonner" ëmmer weider erofgaangen.
© Shutterstock

21 Buedzëmmer, 12 Schlofkummer 3 Kichen an 2 Wäikeller. Dernieft nach eng grouss Schwämm. Dës Villa huet no 2 Joer um Immobiliemarché de Besëtzer gewiesselt. D’Haus steet a Kalifornien um Belair, iwwert den neie Besëtzer hunn d’Agencen awer näischt verroden.

D’Haus gesäit aus wéi eng Yacht huet 4 Etagen, mat enger Surface vun 3.530 Quadratmeter. Ma d’Villa war e Schnäppchen. Ugangs war de Präis op 250 Milliounen Dollar fixéiert.

Domat ass et dat drëtt deierst Haus, wat je am Raum L.A verkaf gouf. Dat elo fir 94 Milliounen US-Dollar, respektiv 85 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO