Et wéilt ee bewosst net mat Biller vu kranken oder blesséierte Kaze schockéieren, mee un d’Responsabilitéit vun den Déierebesëtzer appelléieren, erkläert de Loïc Feltgen, Responsabel fir Marketing a Kommunikatioun bei der Lëtzebuerger Déiereschutzliga. Krankheeten a Blessure sinn awer dacks déi traureg Realitéit vu verwëlderte Kazen. Duerch ze vill Nowuess liewen ëmmer méi Kazen an der Natur, fannen net genuch ze iessen, blesséiere sech bei Revéier-Kämpf oder stieche sech mat Krankheeten un, déi sech séier weiderverbreeden.
Kazen a Kueder, déi net kastréiert sinn, stellen also grouss Problemer duer. A genee dorunner erënnert d’Lëtzebuerger Déiereschutzliga mat der Campagne “Kastréieren. Chippen. Umellen”. Hauskazen, déi fräi dobausse ronderëm lafegelooss ginn, mussen dem Déiereschutzgesetz vun 2018 no kastréiert ginn. Net just fir den Nowuess ze kontrolléieren, mee eben och fir Krankheete wéi de FIV, also de “Kazenaids”, anzedämmen. Gëtt d’Kazepopulatioun duerch ongewollten Nowuess ze grouss, riskéieren et och ëmmer méi verwëldert Kazen ze ginn, déi Honger leiden an dacks an engem schlechte gesondheetlechen Zoustand sinn. D’Plazen am Déierenasyl wieren och méi wéi ausgelaascht, esou nach d’Liliane Ferron, Vize-Presidentin an zoustänneg fir d’Relations Publique. Deelweis hat déi nei Struktur zu Gaasperech iwwer 100 Kazen a war domadder trotz Ausbau un hire Grenzen. Dobäi kënnt, dass krank a vernoléissegt Kazen e grousse Fleegeopwand fir d’Personal bedeiten.
Et wéilt een elo net méi just op dëse Problem opmierksam maachen, mee wierklech d’Ursaachen un der Wuerzel paken, heescht et vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga. Mat der Campagne “Kastréieren. Chippen. Umellen” wäert et vum 2. Februar un och méiglech sinn, en 100€-Bong erofzelueden, fir d’Veterinärskäschte fir eng Kastratioun op d’mannst zum Deel ze bezuelen. Dofir muss een zu Lëtzebuerg wunnen an och d’Chipnummer vun der Kaz oder dem Kueder uginn. An Zesummenaarbecht mat de Veterinären ass e System entwéckelt ginn, mat deem de Leit direkt 100 Euro op hirer Rechnung manner bezuelen an d’Dokteren dann ee Mol de Mount d’Bongen, déi si ageléist hunn, der Lëtzebuerger Déiereschutzliga kënnen a Rechnung stellen. Weider Informatiounen heizou fënnt een ënnert https://www.deierenasyl.lu/de/kampagne/.
Nieft de Bongen informéiert d’Déiereschutzliga am Kader vun der neier Campagne geziilt a véier Sprooche mat Plakater a Shopping Zenteren, op Busser oder nach op Arrête vum ëffentlechen Transport. Och Aktiounen a Schoulen si geplangt, fir och déi jonk Generatioun op eng responsabel Déierenhaltung opmierksam ze maachen.
D’Lëtzebuerger Déiereschutzliga erënnert dann och dorun, dass et net duergeet, en Déier chippen ze loossen, et muss een et och umellen. Fir dass d’Proprietären och kënnen ermëttelt ginn. Besonnesch bei Kaze wier dat leider dacks net de Fall, warscheinlech wier dat ville Leit net bewosst, esou d’Liliane Ferron. Vun alle Kazen, déi fonnt ginn, kënnen der nëmme knapp iwwer 15 Prozent erëm heem, well se net gechippt oder net korrekt ugemellt sinn.
Déi dräi Pilieren “Kastréieren. Chippen. Umellen” gehéieren zu de Grondprinzippie vun engem responsabelen Ëmgang mat Hauskazen, betount d’Lëtzebuerger Déiereschutzliga ganz däitlech.