
Virun zwou Woche stoung d’Fátima Bosch am Mëttelpunkt vun engem Eclat, deen an de soziale Reseaue viral gaangen ass. Wéi si vum thailänneschen Organisateur Nawat Itsaragri wärend engem Evenement ëffentlech bloussgestallt gouf, huet si zesumme mat der Miss Irak demonstrativ de Sall verlooss. Wéi sech weider Participantinnen dem Protest ugeschloss an de Sall verlooss hunn, huet den Itsaragri de Fraen domat gedreet, si vun der Competitioun auszeschléissen an och de Sécherheetsdéngscht alarméiert.
D’Bosch sot spéider viru Reporteren, den Nawat Itsaragri hött si als “domm” bezeechent a sech domat respektlos verhalen. Ënnerstëtzung krut si ënner anerem vun der mexikanescher Presidentin Claudia Sheinbaum, déi d’Fátima Bosch als “Virbild” fir aner Fraen, sech géint Aggressiounen zur Wier ze setzen, bezeechent huet.
E Freideg konnt déi 25 Joer al Fra sech schlussendlech géint Konkurrentinne vun der Elfenbeinküst, de Philippinnen, azs Thailand a Venezuela duerchsetzen. Bei der uschléissender Pressekonferenz sot si, si wéilt als eng Miss Universe an Erënnerung bleiwen, “déi keng Angscht hat, si selwer ze sinn” an d’Bild vun enger Schéinheetskinnigin “e bëssi verännert” hätt. Den Nawat Itsaragri huet sech entretemps fir säi Verhalen entschëllegt.
De Miss-Universe-Concours steet zanter laangem an der Kritik. De Reproche ass meeschtens, datt den Event iwwerhuelt Virstellunge vu Weiblechkeet géif promouvéieren. Dëst Joer gouf et awer nach e weidere Skandal: Kuerz virun der Finall sinn zwee Jurymemberen zeréckgetrueden, ënner anerem de Komponist Omar Harfouch, dee behaapt, d’Competitioun wier manipuléiert. D’Gewënnerin géif net vun der offizieller Jury, mee wärend enger “geheimer an onrechtméisseger Ofstëmmung” gewielt ginn.