Daddy in the makingMotoGP-Fuerer Valentino Rossi gëtt Papp vun engem Meedchen

RTL Lëtzebuerg
Dëst huet den 42 Joer alen Italiener an de sozialen Netzwierker e Mëttwochowend matgedeelt. Genau 25 Joer no sengem éischte WM-Succès.
© AFP (Archiv)

Zesumme mat senger Frëndin Francesca Sofia presentéiert sech den “Il dottore” an engem Dokterkiddel mat Stethoskop virun der Kamera. D’Koppel erwaart ee Meedchen. U sech wollt de Valentino Rossi nach mam Nowuess waarden, fir seng Zäit an der MotoGP kënnen ze genéissen. Du koum et awer méi séier wéi erwaart.

De Moment vun der Publikatioun war keen Zoufall. Op den Dag genau viru 25 Joer huet de Rossi säin éischte WM-Titel an der 125-GP-Klass konnte feieren.

Viru ronn 3 Wochen hat den “Il dottore” no 26 Joer d’Enn vu senger Profikarriär bekannt ginn.

Back to Top
CIM LOGO