
Datt schreift de Premierminister an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Alex Bodry.
De Spezial-Beoptraagten Jeannot Waringo, deen d’Regierung genannt huet, fir d’Finanzen an d’Personalpolitik um Haff ënnert d’Lupp ze huelen, hätt eréischt Ënn Juni ugefaangen.
D’Regierung wier bereet, nom Enn vu senger Missioun dës mat der Chamber ze diskutéieren, esou de Premier Xavier Bettel.