An de Karnevalshéichbuerge Köln, Düsseldorf a Mainz gëtt um Donneschdeg den Optakt vun de Kavalkade gefeiert. Am Ganze ginn e puer Dausend Leit erwaart.

Mat der “Weiberfastnacht” fänkt déi geckeg Zäit un, déi den 6. Mäerz da mam Äschermëttwoch ofgeschloss gëtt. Um Donneschden hunn d’Frae d’Muecht an de Gemengen. Si d’ fuerdere “Stad Schlëssel” un, schneide Krawatten of a Schongstréckelen duerch. Als Entschiedegung kréien d’Männer dofir e Kuss op de Bak.
Zu Tréier iwwerhëlt déi nei Lëtzebuerger Prënzekoppel, de Pierrot I an d’Marie-Claire I mat den aneren Narren de Kommando. Vum Buergermeeschter Wolfram Leibe hu Si de Schlëssel vun der Stad kritt.