Däitschland, net ItalienNavi huet eelere Mann an dat falscht Roum geschéckt

RTL Lëtzebuerg
Eng spektakulär Roum-Rees mat direkt e puer Pannen hat en 81 Joer alen Italiener.
© AFP

Den Här wollt a sengem Jaguar vum briteschen Newcastle op Roum fueren. D’Destinatioun huet hien am Navi agetippt an du goung et a Richtung Süden.

No enger gudder Zäit huet den Navi ugewisen, dass d’Zil erreecht wier, allerdéngs war dat awer däitlech ze fréi. De Mann war zwar wuel ukomm, awer net an Italien. Hie stoung virum Stroosseschëld vun der Uertschaft “Rom”, awer an Däitschland.

Well dat Roum awer sou guer net deem Roum geglach huet, wat e sech erwaart huet, war de Mann därmoosse perturbéiert, dass hie beim erausklammen aus dem Auto vergiess huet d’Handbrems ze zéien. Am Biergof wuel eng denkbar schlecht Iddi.

De Jaguar ass och kuerz drop fortgerullt. Den 81 Joer ale Mann huet probéiert en ze stoppen, gouf dobäi awer vu senger oppener Dier erfaasst an ass op de Buedem gefall. Ironescherweis koum den Auto un d’Halen, direkt widder dem Schëld “Rom”.

De Mann koum liicht blesséiert mat der Ambulanz an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO