An dat läit um Succès vun engem Lëtzebuerger Gesellschaftsspill. Dobäi muss ee säi Wëssen net nëmmen an der Geographie ënner Beweis stellen, ma fir ze gewannen, muss een och Froe wéi: “Wie war der Grande-Duchesse Charlotte hire Papp?” oder “A wéi engem Kanton wunnen déi mannste Leit?”, beäntwere kënnen.
Dat kann ee scho mol un d’Schweesse bréngen. A genee dofir gëtt et zanter leschter Woch eng nei Editioun, speziell fir Kanner a Jugendlecher oder Erwuessener, déi et gär e bësse méi einfach hätten.