
Zwee Joer kritt dee klenge Prënz Louis mëttlerweil. Säi Gebuertsdag verbréngt hien zesumme mat sengen Elteren an de Gesëschter, Prënz George (6) a Prinzessin Charlotte (4), um Landsëtz zu Norfolk. Dohin huet sech d’Famill zanter dem Ufank vun der Corona-Kris zeréckgezunn.
Op Instagram huet de Kensington Palace elo 4 nei Fotoe vum Prënz Louis verëffentlecht. D’Biller huet d’Herzogin vu Cambridge selwer am Abrëll geknipst.