Lancéiert gouf dat Ganzt vum Myriam Schiltz. Si huet 2019 en Haus am Norde vum Land kaf, wat u sech hätt solle fir privat Zwecker genotzt ginn. Wärend der Pandemie huet si dat ganzt Haus da renovéiert a sech dozou decidéiert, dass si d’Haus wéilt mat Leit deelen, déi genausou naturverbonne si wéi si.
Well et awer net en einfachen “Bed and Breakfast” sollt sinn, huet si e ganze Programm ausgeschafft, deen ee ka wärend sengem Openthalt suivéieren. Dozou gehéiert eng Outdoor Coaching Session - eng Form Lifecoaching a fräier Natur - e Yoga- a Meditatiounscours a Kachen op oppenem Feier. Heifir kann ee sech am Viraus e Rezept vun enger Lescht aussichen - d’Ingrediente waarden da schonn op ee soubal een ukënnt.
Fir déi Leit, deenen e Weekend eventuell ze laang ass, ginn awer och verschidden 90-Minutten-Coursen ugebueden, déi ee souguer deelweis ka vun Doheem aus maachen.
Fir eise Reportage fir de Magazin hu mir d’Offer fir e Weekend getest.