Beetebuerger ParkNei Spillplazen, nei Plaze mat Märercher an nei Gebaier fir d'Déieren

RTL Lëtzebuerg
Déi lescht 2 Wochen haten eis Fotografen Emile Mentz a Lucien Koneczny ee Rendezvous am Beetebuerger Park, fir Fotoen ze maache virum Deconfinement.

Eng 150 Mataarbechter sinn am Beetebuerger Park aktuell am Gaangen, eng nei Spillplaz, nei Plaze mat Märercher oder nei Gebaier fir Déieren opzeriichten, fir Kanner mat de Famille geschwënn erëm begréissen ze dierfen.

Donieft si verschidde Renovatiouns-, Vergréisserungs- a Verbesserungsaarbechten amgaangen.

An der Päischtvakanz waren d’Kolleege vum Magasinn ënner anerem am Beetebuerger Park, fir sech do ëmzekucken. Eppes ass dobäi erauskommen: Et ass eng katastrophal Saison. Duerch d’Fermeture bleiwen d’Gäscht ewech an do wou een nees duerft opmaachen, komme vill manner Leit, wéi dat soss Joren de Fall war. Am Parc Merveilleux ass een awer frou, datt vill Leit dëst Joer gespent hunn, fir de Parc z’ënnerstëtzen.

Déiereparken a Corona-Zäiten
D’Déiereparken zu Lëtzebuerg an a Frankräich waren nach ni sou eidel wéi elo. Et ass eng katastrophal Saison.

Back to Top
CIM LOGO