
D’Chi-Chis’s Luxembourg huet dëst op Facebook bekannt gemaach.
E Sonndeg ass de leschten Dag, an der Stad an um Kierchbierg. Op enger gewinnter Adress vun der Restauratioun op der Plëss ass et domadder elo eriwwer.
Wéi de Fred Locatelli (Responsabele vun Happy Mex, déi d’Restaurante geréieren) op Nofro vun RTL 5minutes betount, gouf decidéiert, dass de “Contrat de franchise” net géif verlängert ginn, e Kontrakt, deen elo op en Enn kënnt. Wéi et weider heescht, wéilt een sech no all deene Joren anescht orientéieren, ouni allerdéngs weider Detailer ze nennen.
Op alle Fall wäert keng vun den 80 Persounen, déi an den 2 Restauranten ugestallt sinn, hir Plaz verléieren. Si wäerten am neie Projet mat iwwerholl ginn.

Au revoir & merci | Chi-Chi’s Luxembourg ferme définitivement ses portes, Dernier jour d’ouverture : le dimanche 29 Septembre 2019.
Chers clients, Et oui … l’aventure Chi-Chi’s Luxembourg touche à sa fin. Merci pour votre fidélité et ces bons souvenirs épicés à la sauce Tex-Mex. Nos restaurants de la Place d’Armes et du Kirchberg seront dorénavant fermés.
Nous étions ravis de vous accueillir durant toutes ces années.
Muchas gracias – Merci beaucoup – Villmools Merci !
Thank you & goodbye | Chi-Chi’s Luxembourg is closing its doors for good. Final day of opening: Sunday 29 September 2019.
Dear customers, That’s life… the Chi-Chi’s Luxembourg adventure is coming to an end. Thank you for your loyalty and all the great memories spiced up with Tex-Mex sauce. Our restaurants at the Place d’Armes and in Kirchberg will be closed from now on. We were thrilled to host you for all these many years.
Muchas gracias – Merci beaucoup – Villmools Merci!