NetflixNeie "Stranger Things"-Teaser, eng aner Emissioun gëtt blockéiert

RTL Lëtzebuerg
An engem neien Teaser gouf elo endlech den Datum vun der neier Season op Netflix annoncéiert.

Ee vun de wuel gréisste Succèse vun Netflix, nämlech déi nostalgesch Sci-Fi-Serie “Stranger Things”, geet definitiv an eng 3. Staffel, den Datum fir d’Fans steet mam neien Teaser och elo fest. De 4. Juli geet et nees lass.

Am Video gesäit een eng Iwwerdroung vu Silvester an den USA, ma kuerz virum Joreswiessel kommen op eemol Stéierung an d’Bild an et erkennt een Zeechen a Coden.

Detailer wéi et eventuell weider kéint goen, ginn et allerdéngs nach net. Spéitstens am Summer gëtt ee méi gewuer.

Netflix blockéiert eng Serie wéinst Kritik u Saudi-Arabien

Iwwerdeems huet Netflix no enger Plainte aus Saudi-Arabien eng Sendung aus dem Programm erausgeholl. Dat mellt d’Financial Times en Dënschdeg. D’Emissioun, ëm déi et geet, handelt ëm de Mord um Journalist Jamal Khashoggi an dem Militärasaz vu Saudi-Arabien am Jemen.

Konkret geet et hei ëm eng Episod aus de Serie “Patriot Act mit Hasan Minhaj”. Ënnert anerem huet hien a sengem Programm kritesch Aussoe géigeniwwer dem saudesche Regimm gemaach.

Als Reaktioun huet Netflix wësse gedoen, dass si natierlech déi kënschtleresch Fräiheet respektéieren, ma et misst een sech trotzdeem un national Gesetzer halen. Hei hätten déi saudesch Autoritéiten d’Läsche vum Material aus Grënn vun der Cyberkriminalitéit verlaangt.

Back to Top
CIM LOGO