
Um Fluchhafen “Isle of Man” wollten den Nick an d’Voirrey Coole zesummen op New York fléien, ma nach ier d’Rees richteg lassgaangen ass, goufe si vun de Sécherheetsleit an en eenzele Raum gebieden. Et hätt eng “Onreegelméissegkeet” mat hirem Gepäck ginn.
Der Koppel war et e Rätsel. Illegal Substanzen oder soss geféierlech Géigestänn hate si net agepaakt.
E Witz vum Voirrey Coole - “Vläicht huet sech eng vun eisen 3 Kazen an d’Wallis geschmuggelt” - sollt sech dunn awer als anescht wéi e Witz entpuppen. D’Sécherheetspersonal huet nämlech genee dat beim Duerchliichten entdeckt.
Wéi d’Kaz bis aus dem Sak war, hu sämtlech Parteien emol gutt gelaacht. Zum Gléck war d’Sécherheetspersonal immens kulant an huet gewaart bis Kollege vum Nick a Voirrey Coole de blanne Passagéier op de Fluchhafe siche komm sinn.
D’Cooles konnten duerno wéi geplangt an de Fliger klammen an op New York fléien.