Stuerm Sabine/CiaraNew York - London a manner wéi 5 Stonnen? Jo dat ass méiglech

RTL Lëtzebuerg
Dass sou ee Stuerm och positiv Auswierkungen huet, konnten d'Passagéier um Vol BA112 vun New York op London feststellen. Si hu just 4h56min gebraucht.
© Twitter / Flightradar24

Dëst um Vol e Samschdeg den Owend 23.21 Auer an enger Boeing 747-436. Normalerweis brauch dee Fluch an der Moyenne 6 Stonnen an 13 Minutten. Mä duerch déi gënschteg Loftstréimungen, gouf de Fliger quasi iwwert den Atlantik katapultéiert.

Wéi Air plus news mellt, géif et sech heibäi ëm en neie Rekord handelen, fir e Fluch vum Fluchhafen JFK op London Heathrow.

Back to Top
CIM LOGO