La Casa del PapelNeymar krut Gaaschtoptrëtt a senger Liiblings-Serie

RTL Lëtzebuerg
Fir de brasilianesche Futtballspiller ass en Dram an Erfëllung gaangen. Dëst huet den Neymar um Dënschdeg via Twitter geschriwwen.

Vill Leit kennen déi berühmt Netflix-Serie “Haus des Geldes”. Ma bis déi nächst Staffel kënnt, muss ee sech nach e puer Méint gedëllegen.

Den Neymar huet en Dënschdeg scho bekannt ginn, dass hien an zwou Episoden ze gesinn ass. Hie géing sech domat en Dram erfëllen an Deel vu senger Liiblings-Serie ginn, schreift de 27 Joer ale Fussballspiller op Twitter.

Den Neymar huet an der Serie, wou eng Band vu Bankraiber en Iwwerfall op déi spuenesch Zentralbank plangt, d’Roll vum Mönch Joao verkierpert. D’Zeene waren awer erausgeschnidde ginn, well hien der Vergewaltegung beschëllegt gouf. Dës Beschëllegunge sinn elo awer vum Dësch an dofir goufen d’Zeene mam Neymar nees an de Programm opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO