Extrawurscht wéinst Promi-Status?Nicole Kidman muss zu Hongkong net a Quarantän

RTL Lëtzebuerg
Vill Awunner aus der Milliounemetropol Hongkong sinn den Ament net gutt op d'Schauspillerin ze schwätzen. Fir si gëllen nämlech net déi selwecht Mesuren.

Déi 54 Joer al Actrice kann nämlech d’Corona-Reegelen, déi an der Finanzmetropol gëllen, ëmgoen, fir bei den Dréiaarbechte vun der Amazon-Serie “Expats” dobäi ze sinn. Och fir aner Persounen, déi un der Produktioun bedeelegt sinn, gëtt et eng Ausnam, huet de Büro fir Handel a wirtschaftlech Entwécklung confirméiert. Eng Entscheedung, déi bei den Awunner fir gréisser Diskussioune gesuergt huet. Ganz seele ginn nämlech Mënsche vun der Quarantän-Reegelung zu Hongkong befreit. D’Kidman muss just bannent engem Zäitraum vun 2 Wochen 3 Coronatester maachen.

Wien aus engem Héichrisikogebitt areest, muss an der Reegel fir 21 Deeg an Hotel-Quarantän. 7 Deeg Isoléierung si virgeschriwwe fir Reesender aus Gebitter mat engem méi geréngen Infektiounsrisiko.

Eng Extrawurscht mat batterem Nogemaach?

An de soziale Medie fënnt een ëmmer méi negativ Kommentaren iwwert d’Quarantän-Ausnam fir d’Nicole Kidman. “Elo geet et duer. Meng Mamm huet hiren Numm an ‘Nicole Kidman’ ëmännere gelooss an ech hu grad meng Gulfstream G650 (Privatjet) geschéckt, fir si ofzehuelen”, schreift eng rose Userin. Wéineg Versteesdemech haten och aner Notzer, well eng Schauspillerin wéinst Dréiaarbechte keng Steng an de Wee geluecht kritt hätt, et fir vill Hongkonger awer bal onméiglech gewiescht wier, hir Famill am Ausland ze besiche wärend de leschte Méint.

Weider gëtt d’Kidman dofir kritiséiert, dass si an enger Serie matspillt, an där déi räich auslännesch Elitt zu Hongkong am Mëttelpunkt steet, wärend d’Regierung a China haart géint Demokratie-Aktiviste virgeet.

Bei der Hongkonger Politikerin Elizabeth Quat sinn dowéinst schonn eng Abberzuel Reklamatiounen erakomm.

Back to Top
CIM LOGO