Lux'M BurgerNieft Maarnech, elo och zu Dikrech ze fannen

RTL Lëtzebuerg
Zanter dem 28. Abrëll offréiert Lux'M Burger frësch Burgeren an hirem Food Truck zu Maarnech beim Shoppingzenter. Eng 2. Plaz gëtt et och lo zu Dikrech.

Um Menü steet, wéi den Numm et seet, frësch Burgeren, traditionell, wéi och vegetaresch oder mat Saumon. Alternativ ginn awer och aner Hausmaacher-Platen zerwéiert.

Wéi op ville aneren Plazen, gëllt et d’Sécherheetsmesuren anzehalen. Déi ganz Offer ass wéinst der aktueller Situatioun nëmme fir matzehuelen, d’Leit si gebieden hir Distanzen ze halen an ee Mondschutz ze droen.

PDF: Schreiwes vu Lux'M Burger

Back to Top
CIM LOGO