Partnersich am NetzOch beim virtuelle Flirte muss een op Onéierlecher oppassen

RTL Lëtzebuerg
Etüde soen, dass sech haut ronn 40 Prozent vun de Koppelen Online kenne léieren.

Och zu Lëtzebuerg sichen ëmmer méi Leit e Partner iwwer Online-Plattformen oder Dating-Apps um Handy. Ma leider sinn och vill Onéierlecher am Internet ënnerwee a probéieren, hir nei Bekanntschaften ze beducksen a vun hinne Suen ze kréien.

Dofir soll ee beim virtuelle Flirten oppassen, wat ee wiem erzielt a wéi eng Fotoen ee verëffentlecht. Am Kontakt mat enger neier Bekanntschaft sollt een eng gesond Skepsis un de Dag leeën a méiglechst séier de perséinleche Kontakt sichen, a sief et nëmme per Kamera.

Ass een net sécher oder ass een éiere scho beduckst ginn, kann ee sech un d’Helpline vu BeeSecure wenden.

Back to Top
CIM LOGO