
An engem klenge Video um Youtube-Channel vun der Kantonspolizei Bern gesäit een d’Beamte Limacher a Moser am Asaz. Si si grad amgaangen, fir e Protokoll ze verdeelen, wéi si e Shuttel vum Imperium gesinn, wat matten an der Stad gelant ass.
Mat engem “Jedi-Mind-Trick” brénge si et dann och fäerdeg, d’Stormtrooper dozou ze bréngen, fir ëmzeparken. Natierlech net ouni e kleng Protokoll.
Mä mat engem, dee grad fir seng “Kanner” akafe war, hate si net gerechent...