Sportlech net ausgelaascht?Onbekannter briechen an Turnhal zu Kerpen (D) an a benotzen Apparater

RTL Lëtzebuerg
Geklaut hätten d'Täter awer näischt, esou d'Resultat vun éischten Ermëttlungen.

Leschte Weekend, iergendwann tëscht 14 Auer den 30. Abrëll an 8 Auer de 4. Mee, haten Onbekannter sech eng Privatsportstonn an der Turnhal vun enger Schoul zu Kerpen an Nordrhein-Westfalen gegënnt.

Si hätten divers Sportgeräter benotzt, dorënner en Trampolin, a wieren dono nees geflücht, ouni awer eppes ze klauen. Wuel duerch eng Fënster am Daach wier et de Leit gelongen, an d’Hal ze kommen.

D’Police ermëttelt elo wéinst Sachbeschädigung an Hausfriedensbruch. An Zäite vum Coronavirus ass et jo aktuell däitlech méi komplizéiert, fir Sport kënnen ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO