Fro den AffekotOnline Bewäertungen

Bob Konsbruck
Wat dierf ech als Privatpersoun an enger Online‑Bewäertung schreiwen – a wat ass juristesch riskant?
© Grafik RTL

Online Bewäertungen

Wéi erkennt ee gefälscht Online-Bewäertungen – a wat dierf ee schreiwen? Online-Bewäertungen hëllefen de Konsumenten, mee si kënne manipuléiert sinn. Den Affekot Jean‑Jacques Schonckert erkläert, wat wichteg ass.

Wéi weess ech, ob eng Bewäertung echt ass?

Mam europäeschen Omnibus-Gesetz si Websäiten obligéiert kloer ze weisen, wéi si Bewäertunge kontrolléieren – zum Beispill ob se wierklech vu reelle Clienten stamen. Maache se dat net, riskéiere se héich Amenden, déi bis zu 4% vum Chiffre d’affaires oder 2 Milliounen Euro kënne goe.

Wat dierf ech als Privatpersoun posten?

Meenungsfräiheet gëllt och online. Negativ Erfarungen däerf een rosen nennen. Mee verbueden si Beleidegungen, Diffamatioun a schwéier Virwërf ouni Beweiser. Aussoe wéi „d’Iesse war schlecht“ si kee Problem. „Ech sinn hei vergëft ginn“ ouni Beweiser ka juristesch Konsequenzen hunn.

Kann e Betrib sech wieren?

Jo. Betriber kënnen eng Plainte maachen oder d’Läsche vun der Bewäertung ufroen. Dat kascht awer heiansdo Zäit a Suen.

Fazit

Bewäertunge si nëtzlech, mee net ëmmer zouverlässeg. Konsumenten a Betriber hunn kloer Rechter – mee et gëllt, se mat Bedacht ze notzen.

Back to Top
CIM LOGO