Wäin aus VaduzOp Besuch an der Hofkellerei vum Fürstentum Liechtenstein

Christian Schmit
Mat grad 160 Quadratkilometer ass Liechtenstein eent vun de klengste Länner op der Welt. Nieft de Bierger an de Banke ginn et do och eng Rëtsch Wéngerten.

Och hei kann ee behaapten, dass ee bei grad mol 26 Hektar zu de sécherlech klengste Wäibau-Gebitter weltwäit zielt.
Matzen an der Haaptstad Vaduz läit d’Hofkellerei vum Fürstentum Liechtenstein an och deenen hir 4 Hektar Wéngerten.

Hofellerei Fürstentum Liechtenstein

De Christian Schmit war viru kuerzem do op Besuch an huet sech mam Kellermeeschter Sebastian Gunsch iwwert d’Rief-Zorten an d’Cruen aus dem Liechtenstein ënnerhalen. Bei där Geleeënheet huet hien och en Tierchen duerch dat butzegt Land gedréint.

Back to Top
CIM LOGO