US-Medie mellenOzzy Osbourne soll um stierwe leien, Duechter Kelly dementéiert

RTL Lëtzebuerg
Den 71 Joer ale Frontmann vun der Band Black Sabbath géif et gesondheetlech extrem schlecht goen a soll extrem chronesch Péng hunn...
© Jason Kempin / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Wéi et vun engem Insider vun der Osbourne Famill heescht, géif de Sänger seng eege Fra deelweis net méi erëmerkennen.

Et geet een dovunner aus, dass en Accident mat engem Quad am Joer 2003 wuel fir den Zoustand vum Ozzy Osbourne verantwortlech wier. Deemools war hie beim Accident bal gestuerwen an huet sech massiv um Réck blesséiert a Péng plot hien zënter deem.

De brittesche Rocksänger géif Informatiounen no de ganzen Dag am Bett leien, dat ënnert grousser Péng a Medikamenter.

D’Kelly Osbourne, seng Duechter, dementéiert dës Informatiounen

Ma seng Duechter Kelly Osbourne dementéiert dat awer a seet, dass si den Dag no Silvester mat him verbruecht huet an dass et ëm gutt géif goen. Hei säi Statement op Instagram:

“Today I had a wonderful start to 2020. I went out to launch with my family. Then I spent the rest of the day launching and hanging out with my dad. I come home to read sickening articles about my dad supposedly being on his ‘death bed’ sometimes the media makes me sick!!

“It’s no secret that my dad has had a rough year when it comes to his health but come the F*CK on this is utter bullshit.”

Och eng Foto vu sengem Jong Jack Osbourne op Facebook weist de Papp Ozzy an enger gudder kierperlecher Form wärend de Feierdeeg.

Back to Top
CIM LOGO