Fro den AffekotPak geklaut! An elo?

Bob Konsbruck
Wien haft wann e Pak virun der Dier geklaut gëtt?
© Grafik RTL

Wien haft wann e Pak virun der Dier geklaut gëtt?

Pak net ukomm? De Verkeefer bleift haftbar

Wann e Pak als geliwwert gëllt, mee net ukënnt, ass de Verkeefer responsabel – net den Transporteur. Dat erkläert den Affekot Jean-Jacques Schonckert. De Konsument huet also kee Sträit mat der Post oder engem Liwwerservice, mee ëmmer mam Vendeur.

De Verkeefer muss beweisen, datt de Pak ukomm ass. Eng Foto virun der Dier geet net duer. Als valabele Beweis gëllen eng Ënnerschrëft, eng elektronesch Signatur oder eng confirméiert Ofhuelung. Och wann e Pak beim Noper ofgeliwwert gëtt a verschwënnt, bleift de Verkeefer haftbar.

Wie bewosst e Pak unhëlt, deen net fir hie bestëmmt ass, däerf en net halen a muss en zréckginn. Anescht ass et bei enger Liwwerung, wéi z. B. Mazout, dee beim falsche Stot an den Tank gefëllt gëtt: dat gëllt als vente forcée an däerf net verrechent ginn. Dës Reegele stinn am Code de la consommation.

Back to Top
CIM LOGO