Happy BirthdayPanda-Nowuess a Malaysien feiert 1. Gebuertsdag

RTL Lëtzebuerg
Mat enger ganz besonnescher Rübli-Taart huet e Risepanda am Zoo a Malaysien säin éischte Gebuertsdag gefeiert.
© AFP

D’Panda-Weibchen, dat bis haut nach keen Numm huet, huet net ganz verstan, wat iwwerhaapt lass wier, wéi d’Gardiene Muerten an eng grouss, gefrueren Taart mat enger Eent drop ugeschleeft hunn. Ouni groussen Appetit huet de klenge Panda um Geméis geknabbert an huet de Rescht vun der Gebuertsdagsfeier einfach verschlof.

Dat mëttlerweil 34 Kilo schwéiert Biere-Meedchen ass den zweeten Nowuess vum Liang Liang an hirem Partner Xing Xing, déi zanter 2014 vu China a Malaysien ausgeléint goufen. Hiren éischten Nowuess Nuan Nuan koum am August 2015 gebuer a lieft an der Volleksrepublik.

China a Malaysien hunn 2012 arrangéiert, dass d’Panda-Koppel am Kader vun der chinesescher Panda-Diplomatie wärend 10 Joer a Malaysien dierf bleiwen. Hiren Nowuess geet schonn zanter 2 Joer zeréck an hir chinesesch Heemecht.

Panda-Nowuess a Gefaangenschaft ass immens seelen. De Grousse Panda gehéiert zu den am stäerkste menacéierten Déierenaarten op der Äerd. A Fräiheet liewe Schätzungen no nëmmen nach 1.800 Exemplaren.

Back to Top
CIM LOGO