Social-Media-KontrollPapp bestrooft Meedchen a gëtt zum virale Star

RTL Lëtzebuerg
Fir en Teenager ass et wuel déi schlëmmst Strof: Handyverbuet oder Social-Media-Entzuch. Fir e Meedchen aus Texas gouf dat penibel Realitéit.

Dat 15 Joer aalt Madelynn duerft eng Pyjama-Party organiséieren, ma wéi et dobäi erwëscht gouf, och e puer Jongen geruff ze hunn, hu seng Eltere sech eng Strof afale gelooss: Handyverbuet. Ma si sinn nach e Stéck méi wäit gaangen. D’Madelynn duerft wielen: 1 Mount ouni Handy oder just 2 Wochen. Den Nodeel dobäi, d’Elteren duerfen an deenen 2 Wochen d’Social-Media-Accounts iwwerhuelen.

D’Maddy huet sech fir déi méi kuerz Strof decidéiert, mat ongeplangte Konsequenzen. Zwou Woche laang duerfte seng Elteren also Instagram, TikTok a Snapchat geréieren, eng Decisioun, déi et ganz séier bereit huet.

De Papp gëtt zum Social-Media-Star

Dem Maddy säi Papp huet sech e Spaass doraus gemaach inzeenéiert Fotoe vu sech selwer ze posten, zum Beispill op Instagram mat engem bauchfräien T-Shirt oder engem rosa Flamingo.

Fir e 15 Joer alen Teenager den absolutten Horror. No nëmme 24 Stonne wollt d’Madelynn seng Decisioun nees réckgängeg maachen a léiwer ee Mount verzichten. Ma do war de Papp schonn ofhängeg: “Nee, ech sinn elo voll dran. Ech hu vill ze vill Iddien a mir bleiwe bei den 2 Wochen”.

An tatsächlech krut d’Madelynn bannent kuerzer Zäit eng ganz Rei Follower bäi. Et kann een deemno dovun ausgoen, dass no den 2 Wochen, de Papp säin eegenen Account opmécht.

Back to Top
CIM LOGO