RIP"Papp vum Sudoku" ass dout

RTL Lëtzebuerg
De Japaner Maki Kaji ass no jorelaangem Kampf géint de Kriibs den 10. August gestuerwen.
© AFP

En ass 69 Joer al ginn. De Kaji huet mat sengem selwer gegrënnte Verlag Nikoli dozou bäigedroen, dass de Sudoku sou populär ginn ass.

U sech gouf Sudoku am 18. Joerhonnert vum Schwäizer Mathematiker Leonhard Euler erfonnt.

Aus dem Japaneschen iwwersat heescht Sudoku iwweregens “all Zuel muss eenzel” sinn.

Back to Top
CIM LOGO