
Sief et beim Coiffer, d’Wunnen oder iesse goen, zu Paräis muss ee weltwäit gekuckt am déifsten an d’Täsch gräifen. Dat britescht Maartfuerschungsinstitut Economist Intelligence Unit (EIU) huet en Dënschdeg den neie Lännerranking verëffentlecht an déi franséischt Haaptstad, nieft den asiatesche Metropole Singapur am Hongkong, op déi éischt Plaz gesat.
Paräis ass scho méi laang an den Top Ten vun deem Ranking, hat d’lescht Joer souguer d’Plaz 2 erreecht. Besonnesch d’Wunnen ass extrem deier, sou d’EIU, déi och der Grupp vun der Wirtschaftszeitung Econimist” ugehéiert. Fir eng Dammecoupe beim Coiffer muss een zum Beispill am Duerchschnëtt 100 Euro bezuelen, dogéint sinn Alkohol, mam Metro fueren an Zigaretten vergläichsweis bëlleg.

D’Liewenskäschte vun 133 Länner goufe matenee verglach. Geduecht ass de Ranking virun allem fir Firmen, déi Mataarbechter am Ausland musse bezuelen, fir sech op e Salaire kënnen ze baséieren.
No de Spëtzereider fënnt een nach Zürich (4), Genf an Osaka deele sech d’Plaz 5. Déi südkoreanesch Haaptstad Seoul, Kopenhagen an New York deele sech d’Plaz 7. Op Plaz 10 ass nach Tel Aviv a Los Angeles.
An dësem Ranking hunn awer och politesch Onrouen, d’Entwécklung vun de rInflatioun a Wärungsschwankungen eng Roll gespillt. Dowéinst ass Caracas duerch déi aktuell Kris op der leschter Plaz, nach ënner Damaskus a Syren, an den indesche Stied Bangalore an Nei Delhi a Karachi am Pakistan.
Lëtzebuerg kënnt am Ranking vun den deierste Stied net vir.