Dat wier deier ginnParäisser Radar beim Tour de France am Dauerasaz

RTL Lëtzebuerg
Op der Schlussetapp vum Tour de France zu Paräis gouf de kompletten Tour-Tross Affer vun engem Temporadar - dëse war fir d'Etapp net desaktivéiert ginn.
© RTL.lu Archiv

Quasi am Sekonnentakt huet den Apparat d’Autoen an d’Motorradsfuerer, déi fir den Tour a Richtung Champs-Elysées ënnerwee waren, geblëtzt. Glécklecherweis hat dëst “Donnerwieder” fir déi Betraffe keng Konsequenzen - et war nämlech vergiess ginn, de Blëtzer an der Avenue Denfert-Rochereau am 14. Arrondissement vu Paräis auszeschalten. Protokolle brauchen déi Betraffen deemno net ze erwaarden.

An der Reegel sinn alleguerten d’Radaren a Rout Luuchten op dem Circuit vum Tour de France wärend de Courssen aus. Wéi et schéngt, haten déi Verantwortlech awer ee vergiess. Per Zoufall huet ee Passant an de Stroosse vu Paräis dës kuriéis Zeen mat sengem Smartphone agefaangen.

Back to Top
CIM LOGO