Prett fir den DeconfinementParäisser Stärerestaurant huet eng Designer-Entlëftung

RTL Lëtzebuerg
De franséische Star-Kach Alain Ducasse ass fir seng 17 Michelin-Stäre bekannt. Fir den Deconfinement huet hie sech eppes Spezielles afale gelooss.

A sengem historesche Bistro an der franséischer Haaptstad hänken elo iwwer all Dësch grouss wäiss Tuten un der Ventilatioun. Se gesinn aus wéi Strëmp a se sollen hëllefen, d’Loft iwwert den Dëscher besser ze filteren. Dobäi wier et wichteg, datt et net ze staark zitt, wann déi propper Loft vu baussen an de Restaurant geblose gëtt.

Den Design duerf awer net feelen: déi speziell Tute si mat Biller vu Gëtter a Gëttinne vun der Loft dekoréiert a passen zum Design vum Haus.

© AFP

Erfonnt an ëmgesat gouf d’Iddi vum Designer Patrick Jouin, dee schonn am Museum of Modern Art zu New York ausgestallt huet. Hien hätt mat Virolog geschwat an hätt sech un der Ventilatioun aus de Spideeler inspiréiert. Duerch dës Entlëftung, seet hien, kéint den néidegen Ofstand tëscht den Dëscher bis op 32 Zentimeter verklengert ginn. Mam Kach hätt hie wëlle mat de Mesure vun der Regierung schaffen, amplaz se passiv unzehuelen.

© AFP

Den Alain Ducasse ass zefridde mam Design an e géif dës “Strëmp” och nach no der Pandemie hänke loossen. Se géifen am Gebai aus den 30er Jore gutt ausgesinn. Et wier och net esou deier, aner Restaurante kéinte sech dat leeschten. Donieft bitt de Stärerestaurant de Clienten och transparent Oftrennungen un, wann ee gär méi Sécherheet hätt.

Am Frankräich sollen den 22. Juni d’Restauranten hir Dieren nees opmaachen. Am Prinzip muss eng Sécherheetsdistanz vun op d’mannst 1 Meter tëscht den Dëscher agehale ginn.

Back to Top
CIM LOGO