BréisselPatissier verstoppt kleng Goldstécker a sengem Dräikinnekskuch

RTL Lëtzebuerg
Eng besser Reklamm kéint ee belsche Patissier dëse 6. Januar net maachen. Amplaz vun enger Boun oder enger Figur am Dräikinnekskuch, huet hie Gold geholl.
© Pixabay

De Bäcker, deen zu Bréissel säi Buttek huet, huet 2 kleng Goldstécker an zwee vu senge Kreatioune verstoppt. Dat schreift déi belsch Zeitung “La Capitale” e Sonneg de Moien. Domadder wéilt de Patissier senger Clientèle Merci soen. Déi kleng Goldklompen sollen iwwregens ee Wäert vun 210 bis 260 Euro hunn.

Den Dräikinneksdag ass och zu Lëtzebuerg eng Traditioun. No der Radiosmass dëse Sonndeg gouf et fir Jiddereen e Stéck vun deem traditionelle Kuch an et ass keen aneren wéi den Doumprobst, de Georges Hellinghausen, dee sech um Enn d’Kroun opsetzen duerft.

© Robert Grossklos

Back to Top
CIM LOGO