D’Patricia Jaeger ass eng iwwerzeegten Déiereschützerin. Si engagéiert sech virun allem op Mallorca. “Wat vill Touristen net wëssen: op der Vakanzeninsel ginn et grouss Statiounen, wou Hënn ageschléifert ginn”, explizéiert si. Et sinn net nëmme Stroossemuppen, mä och Hënn, déi vun hire Proprietären ausgesat ginn oder an dëse Statioun ofgeliwwert ginn. “Am Süde vun Europa hunn d’Leit en anere Bezuch zu den Hënn, do ass et nëmmen eng Saach, déi een ewech gehäit, wann ee se net méi brauch”, esou d’Patricia Jaeger. Si keeft dem Asyl vereenzelt Hënn of a peppelt se erëm op, fir se duerno bei eis un nei Proprietären ze vermëttelen.
De Maurice Herkrath huet bei enger méi spezieller Aktioun matgemaach. “Quest For Change” war quasi en Thinktank um Waasser. Eng 20 Jonker ware knapp fënnef Woche mat engem grousse Seegelschëff am Atlantik ënnerwee. Dat war virop natierlech eng grouss Aventure, mä si sollte sech och de Kapp iwwert e wichtegen Ëmweltproblem zerbriechen. Hir Aufgab war et, sech Gedanken iwwert d’Moudenindustrie ze maachen. “D’Moud ass den zweetgréisste Pollueur op der Welt”, seet de Maurice Herkrath. “Mir hu keng revolutionär Iddie fonnt, mä jidderengem vun eis ass bewosst ginn, dass nëmmen d’Konsumenten eppes ännere kennen. Mat all Euro wielt een”.