
Wéi d’Police e Méindeg matdeelt, goufe bei enger Kontroll d’Droge Methamphetamin a Cannabis beim Mann am Auto fonnt. Weider goufen LSD, Cannabis an eng Matraque beim Duerchsiche vu senger Wunneng zu Sydney entdeckt.
Dem “Daily Telegraph” no huet d’Police d’Enquête ageleet, nodeems Matbewunner vum Mann Bedenken iwwer säi Verhalen a seng Visiteuren ausgedréckt hunn. Dobäi ass de Verdacht opkomm, datt den Australier mat Drogen am Altersheem dealt.
De Pensionnaire ass wéinst dem Besëtz an dem Handel mat illegalen Drogen, sou wéi dem Besëtz vun enger Waff ouni Autorisatioun an dem Verstouss géint d’Coronamesuren ugeklot ginn. Hien huet den 8. September Rendez-vous viru Geriicht.