Den Daniel Leiner verbënnt seng héich sportlech Vakanze mat grousse Sammelaktioune fir de gudden Zweck an huet bis elo all Zil erreecht, dat e sech gesat hat. Egal ob bei engem Marathon mat senger Fra duerch d’Wüüst oder am Suedel 1.100km duerch Israel, an ëmmer fir e Wierk, dat hinnen um Häerz leit.
Hana Sofia Lopes weist den Ament hir grouss Bandbreet als Actrice an alle Beräicher. Am Theater, am Kino an elo och virun engem Millioune-Public bei GZSZ. Bis de 7. Dezember spillt d’Hana nach am “Dealing With Clair” ënnert der Regie vum Anne Simon am Kapuzinertheater. “Toy Gun”, an deem si déi weiblech Haaptroll spillt, leeft zanter dëser Woch a Kanada, an zanter dem 26. November gesäit een d’Hana als Amalia bei GZSZ nieft dem Daniel Fehlow, deen de Leon Moreno spillt.
Bäigeschalt gouf vu München de Pierre Dillenburg, deen mat eis iwwert déi freedeg Noriicht vum Nowuess um Haff diskutéiert huet.