Baby SphengicPinguin-Bëbee vu schwulen Elteren huet elo en Numm

Sarah Cames
"Baby Sphengic", esou heescht de klenge Pinguin, deen den 19. Oktober an engem Zoo zu Sydney op d'Welt komm ass.
© AFP

Dem klenge Baby Sphengic seng Elteren sinn am Internet berühmt. Di zwee Pinguin-Hären Sphen a Magic, déi d’Sphengic grousszéien, sinn onzertrennlech. Wéi am Oktober 2018 d’Bréizäit ugefaangen huet, hunn déi zwee dat selwecht gemaach wéi aner Pinguin-Koppelen och: Si hunn ugefaange Steng ze sammelen, fir dorausser en Nascht ze bauen. Iergendwann hate se esouguer méi Steng zesummen, ewéi aner Këppelcher.

© sealifesydneyaquarium / Instagram

D’Mataarbechter vum Zoo hunn de Sphen an de Magic am Ae behalen an decidéiert, deenen zwee hir Méi mat engem echten Pinguin-Ee ze belounen. Déi schwul Këppelchen huet d’Ee ausgebréit an d’Sphengic, deem säin Numm eng Kombinatioun aus Sphen an Magic ass, huet den 19. Oktober 2018 fir d’éischt säi Kapp aus dem Ee gestreckt.

RTL NEWS: Zwee schwul Pinguine si Papp ginnDe klenge Pinguin ass iwwregens e Meedchen - an dat war guer net esou einfach erauszefannen. Pinguin Männercher a Weibercher gläiche sech staark an d’Zoo-Mataarbechter hunn e Blutttest misse maachen, fir d’Geschlecht ze bestëmmen.

D’Baby Sphengic, dat bei der Gebuert just 90 Gramm schwéier war, weit mëttlerweil ronn fënnef Kilo. Dat klengt Pinguin-Meedchen huet grad mat Schwammcoursen ugefaangen. Fir kleng Pinguinen ass et wichteg ze léieren, datt se beim Schwammen de Kapp ënner Waasser hale mussen, fir ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO