Kee Besuch, méi FräiheetPinguinen zu Chicago dierfe fräi duerch Aquarium lafen

RTL Lëtzebuerg
Och an enger Kris ginn et schéin an humoristesch Momenter. Zum Beispill fir d'Déieren an engem Zoo.
© Shedd Aquarium

Wa keng Leit do sinn, wisou verschidden Déieren an hire Gehege agespaart loossen?

Déi Fro hu sech d’Mataarbechter vum Aquarium zu Chicago wuel och gestallt an decidéiert, dass d’Pinguinen zum Beispill dierfe fräi lafen, zanter keng Visiteuren méi eran dierfen.

Op de soziale Reseaue maachen d’Videoen aus dem “Shedd Aquarium” d’Ronn an all Mënsch ass begeeschtert.

Back to Top
CIM LOGO