
A senger Karriär soll the Billy the Kid, gebuer als Henri McCarty, op d’mannst 4 Leit ëmbruecht hunn. Verschidden Historiker ginn éischter vun 21 Morden aus. Hie gouf am Joer 1881 vum Sheriff Pat Garrett aus dem Hannerhalt erschoss. D’Pistoul, déi fir dës Aktioun genotzt gouf, gouf elo vum Auktiounshaus Bonhams fir ronn 6,03 Milliounen US-Dollar verkaf.
“Et ass e Relikt aus der wichtegster a bekanntster Geschicht aus dem Wëlle Westen”, heescht et vum Auktiounshaus. D’Pistoul wier an engem gudden Zoustand, hätt awer en ofgenotzte Grëff.
