
Ënnert dem Youtube Channel “Leap Frog Studios” publizéiert de Leo Moracchioli aus Norwegen reegelméisseg Covere vu Lidder. Dës awer net normal gecovert, mä an enger Metal-Versioun, déi ganz dacks wierklech gelongen ass.
A senger Lëscht vu Lidder sinn dann net nëmme bekannten Hits aus den Charts oder richteg Klassiker, mä och Lidder vu Serien aus senger Kandheet oder Jugend, respektiv aus der Zäit vu senger klenger Duechter.
Wuel am Beschte bei de Leit, iwwer 4,4 Millioune Views, ass d’Versioun vu Ghostbusters ukomm, wou dem Leo säi Meedchen da selwer e klenge Geescht spillt.
Vill Views, aktuell iwwer 2,8 Milliounen, huet dann ee vun de flottste Videoen, deen och an enger Schoul mat Kanner opgeholl ginn. Hei performt de Musiker den Disney Klassiker “Hakuna Matata”, dat awer a senger ganz eegener Versioun.
E Fernsehklassiker, dofir ganz kuerz, ass d’Titelmelodie vun de Simpsons, mat 1,28 Millioune Views dann och bei de Metal-Fans op Youtube beléift.
E bësse méi modern an nei, dofir awer aus de Leit aus där an och nach der aktueller Generatioun ganz beléift ass Pokémon.
Méi Musek a manner Text ginn et da beim Pink Panther, ma och dat klengt net schlecht an enger Metal Versioun.
Wuel aus der Zäit vu sengem Meedchen kënnt de SpongeBob. Ob hat da säi Papp zu dësem Lidd inspiréiert huet.
Zu Éiere vum Stan Lee, deen den 12. November 2018 gestuerwen ass, huet de Leo Moracchioli dann eng eege Versioun vum Spider Man-Theme-Song erausbruecht.
Bleift nach déi englesch Versioun vun der Muppet Show...
Ganz zum Schluss dann nach eppes, wat wuel net direkt an d’Kategorie passt, mä awer vill Leit un hir Kandheet wäert erënneren... The Fresh Prince of Bel-Air.