"Domm geheit" zu MannheimPolice entdeckt Cannabisplantage bei Course-Poursuite

RTL Lëtzebuerg
Well e Mann Amphetaminnen an e Virgäertchen gehäit huet, ass d'Police op enger anere Persoun hire Cannabisplantage opmierksam ginn.
© Miguel MEDINA / AFP

Zu Mannheim ass e Mann um Vëlo virun der Police geflücht. Wéi d’Beamten him de Wee ofgeschnidden hunn, huet hien eng kleng Fläsch mat Amphetaminnen an e Virgäertche geheit. Dono gouf de Mann festgeholl.

Wéi d’Polizisten no der Fläsch gesicht hunn, hu se e staarke Marihuana-Geroch festgestallt. Am Virgäertchen stoungen dunn tatsächlech 31 Cannabisplanzen mat enger Recolte vun 325 Gramm Weed. Géint de 26 Joer ale Gäertner gëtt elo ermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO