Happyend zu Celle (D)Police rett Intejippelcher aus Gully

RTL Lëtzebuerg
Eng opgereegten Intemamm ass en Dënschdeg de Moien e puer Leit an der Otto-Palm-Straße zu Celle opgefall.
© AFP

Méi genee gekuckt, waren hir 6 butzeg Intepuppelcher an e Gully gefall an d’Mamm ass nervös mat haardem Geschnatter do ronderëm gewatschelt. D’Leit hunn d’Police ëm Hëllef geruff.

D’Beamte hu mat enger Schnouer eng Aangel gebastelt an hunn domat d’Intekanner een nom aneren aus dem 170 Zentimeter déiwe Rouer gefëscht. Net laang duerno hat déi iwwerglécklech Intemamm hir komplett Famill nees zesummen.

Back to Top
CIM LOGO