Rettung ass gelongenPolice rett Jippelcher vu Gleis

RTL Lëtzebuerg
Ee klenge Grupp vu Jippelcher konnt e Méindeg vum ICE-Gleis op der Gare zu Siegburg gerett ginn.
© AFP

Dëst huet d’Bundespolizei matgedeelt. Déi eelef kleng Villercher hu sech um Ouschterméinden onglécklecherweis den ICE-Gleis vum Siegburger Hauptbahnhof als Spadséierwee ausgesicht. Reesender hunn d’Police ganz besuergt iwwer déi geféierlech Situatioun informéiert, dës konnten d’Jippelcher dann aus hirer mësslecher Lag befreien. Gesond an monter sinn d’Villercher de Pompjeeën iwwerreecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO