KölnPolice stoppt alkoholiséierten Elektroscooter-Fuerer op der Autobunn

RTL Lëtzebuerg
De 27 Joer ale Mann hat däitlech ze vill gedronk, an soll esouguer nach e "Wegbier" dobäigehat hunn.
© AFP (Archiv)

Géint 2.20 Auer um Donneschdeg de Moie gouf d’Kölner Police alarméiert, well e Mann mat engem Elektroscooter op der Autobunn ënnerwee war. Et huet dunn e puer Minutte gedauert, bis si de Mann konnte fannen an aus der geféierlecher Situatioun befreien.

Wéi déi däitsch Presseagentur mellt, hätt de Mann esouguer nach eng Béier am Grapp gehat, wéi d’Police hien ugehalen huet, offiziell confirméiert gouf dëst awer net.

De Mann huet de Beamten erkläert, datt hien net mat Absicht op der Autobunn ënnerwee wier, hie wier just esou drop geroden. Beim Alkoholtest koum dunn eraus, datt hien däitlech ze déif an d’Glas gekuckt hat, säi Wäert war méi wéi duebel esou héich.

Maximal mat 20 Kilometer an der Stonn kann ee mat esou enger elektrescher Trottinett fueren, woumat ee sech selwer op enger Autobunn richteg a Gefor ka bréngen.

Eréischt am August war e Fransous ëm d’Liewe komm, wéi hie mat senger Trottinett op enger Autobunn an der Géigend vu Paräis ënnerwee war. E Motorradsfuerer hat de Mann ze pake kritt.

Back to Top
CIM LOGO