
Nodeems ënnert anerem Lego annoncéiert hat, méi ëmweltfrëndlech wëllen ze produzéieren, huet och elo Mattel de Schratt a Richtung Nohaltegkeet gewot. Dat mat der Kollektioun “Barbie Loves the Ocean”.
Sämtlech Barbiepoppe vun där Serie gi bis zu 90% aus recycléiertem Plastik aus dem Mier hiergestallt. Bis 2030 wëll den US-Konzern komplett op nohalteg Materialien ëmklammen. Och d’Verpackunge solle bis dann aus Bio-Plastik produzéiert ginn. Dës Kollektioun ass Deel vun der neier Campagne “The Future of Pink is Green”, mat där ee Kanner op eng verständlech Manéier wëll opklären iwwer Nohaltegkeet.